Flore Lamborelle: Paräis 2024
Paräis, méi wéi 40 Joer méi spéit, war definitiv eng iwerraschend Entdeckung fir mech, well einfach komplett anescht wéi a menger Erënnerung a Virstellung. Iwersiichtleg, hell, lëfteg, oppen…einfach angenehm! Eis 2 wonnerbar GuidINNEN (‘Paris féministe’ oblige…) hun et fäerdeg bruecht, eis a kuerzer Zäit ee quasi kompletten a super interessanten Iwerbléck vun der Stad ze gin. Ee grousse Merci, Monique! Ech wärt mech an Zukunft méi oft op Paräis verieren…..

26. 04. 2024
Marie-Louise: Tulpentour
Dem Claude, Karin a Pol kann ech mech nëmmen uschléissen. Erem e schéinen gutt organiséierten Tour mat wéi de Numm et séet ville Blummen an e mageschen Doft vun Hyazinthen :-) déen eis iwwert de Wée laanscht Blummefelder begleed huet. Meng kleng Einlag huet mir gewiesen zu wat fir engem léiwen an hellefsräischen Group mir a kuerzer Zäit zesummegewues sin. Merci!!! Merci Monique fir "erem" déi super Organisatioun an Begléedung fir desen schéinen Blummentour.

15. 04. 2024
Pol a Karin: Tulpentour 30.03.-3.04.2024
Et wor e flotten éischten 2024 er Velostour. Alles huet geklappt: Niewend gudden Velosweer, engem sympateschen Grupp, e super Schëff Magnifique III, hu mir Tulpen an aner Blummen an allen méiglechen Farwen ze gesi kritt. Merci Monique

07. 04. 2024
Claude: Tulpentour

wei bal ëmmer bai velosophie war gudd Wieder mat reserveiert an esou konnte mir Amsterdam an d'Emgeigend op desem Tulpentour genéisse. Tulpen waren natiirlech och um RdV an um Schëff "Magnifique III" sin mir super verwinnt gi. Freeë mech schonns op dei naechst Rees


06. 04. 2024
Elisabeth Hoffmann : Lac du Der November 2023
Dest Rees un den Lac du Der war grad esou wei dei am Februar 2023 e super scheint Erliefnes. Ob oder weivill Krukerten owes landen oder freih moies starten wees een wuel nie wirklech am Viraus. Dat ass d‘ Natur! Dei impressionant Vullen ze heieren, weit ewech beim Waasser ze honnerten ze gesinn oder durch e Spektiv vun ganz no ze betruechten ass immens flott. Awer grad esou schein ass et de Sei selwer, dei Farwen, Waaser an Natur drumerems ze erliewen! An dessem Novemberdaag ( 03.11.23) war dat Farwenspill extrem schein. Fahrt am Bus war ganz angenehm! A recommander!

07. 11. 2023
 
Powered by Phoca Guestbook

Post Message

Captcha Image

By submitting this form you accept our privacy policy compliant to the GDPR regulation art. 13-14 2016/679 as reported at this link


Newsletter