Christiane Lamborelle: Paris à vélo
Villmols Merci fier di flott Rees op Paräis. Et war immens flott, Paräis vun ënger bessen manner hektischer Säit kennenzeleiren. Duerch di verschidden Tier sinn ech ganz vill gewuer ginn an et huet einfach just Spaß gemaach. Alles huet tiptop geklappt:-))10. 05. 2025
Muriel: Eurovelo 6
Vu Mulhouse op Dôle laanscht de Canal du Rhône au Rhin an den Doubs mat 3 flotten Iwwernuechtungsetappen an gudd geféiert vum Monique. Als éischt oder kuerz Velosvakanz ze recommandéiren.20. 08. 2024
Flore Lamborelle: Paräis 2024
Paräis, méi wéi 40 Joer méi spéit, war definitiv eng iwerraschend Entdeckung fir mech, well einfach komplett anescht wéi a menger Erënnerung a Virstellung. Iwersiichtleg, hell, lëfteg, oppen…einfach angenehm! Eis 2 wonnerbar GuidINNEN (‘Paris féministe’ oblige…) hun et fäerdeg bruecht, eis a kuerzer Zäit ee quasi kompletten a super interessanten Iwerbléck vun der Stad ze gin. Ee grousse Merci, Monique! Ech wärt mech an Zukunft méi oft op Paräis verieren…..26. 04. 2024
Marie-Louise: Tulpentour
Dem Claude, Karin a Pol kann ech mech nëmmen uschléissen. Erem e schéinen gutt organiséierten Tour mat wéi de Numm et séet ville Blummen an e mageschen Doft vun Hyazinthen :-) déen eis iwwert de Wée laanscht Blummefelder begleed huet. Meng kleng Einlag huet mir gewiesen zu wat fir engem léiwen an hellefsräischen Group mir a kuerzer Zäit zesummegewues sin. Merci!!! Merci Monique fir "erem" déi super Organisatioun an Begléedung fir desen schéinen Blummentour.15. 04. 2024
Pol a Karin: Tulpentour 30.03.-3.04.2024
Et wor e flotten éischten 2024 er Velostour. Alles huet geklappt: Niewend gudden Velosweer, engem sympateschen Grupp, e super Schëff Magnifique III, hu mir Tulpen an aner Blummen an allen méiglechen Farwen ze gesi kritt. Merci Monique07. 04. 2024
Powered by Phoca Guestbook