Claude: Tulpentour

wei bal ëmmer bai velosophie war gudd Wieder mat reserveiert an esou konnte mir Amsterdam an d'Emgeigend op desem Tulpentour genéisse. Tulpen waren natiirlech och um RdV an um Schëff "Magnifique III" sin mir super verwinnt gi. Freeë mech schonns op dei naechst Rees

06. 04. 2024
Elisabeth Hoffmann : Lac du Der November 2023
Dest Rees un den Lac du Der war grad esou wei dei am Februar 2023 e super scheint Erliefnes. Ob oder weivill Krukerten owes landen oder freih moies starten wees een wuel nie wirklech am Viraus. Dat ass d‘ Natur! Dei impressionant Vullen ze heieren, weit ewech beim Waasser ze honnerten ze gesinn oder durch e Spektiv vun ganz no ze betruechten ass immens flott. Awer grad esou schein ass et de Sei selwer, dei Farwen, Waaser an Natur drumerems ze erliewen! An dessem Novemberdaag ( 03.11.23) war dat Farwenspill extrem schein. Fahrt am Bus war ganz angenehm! A recommander!
07. 11. 2023
Liette Stirn: Lac du Der - 03-11-2023

Vill Kruckerten hat ech lescht Joer um Lac du Der gesin an ech war begeeschtert. Dëst Joer hu mir der zwar manner gesin, mä duerfir konnte mir dës ganz besonnësch, eenzegaarteg Landschaft vun hirer schéinster Säit genéissen. A villäicht war ech jo net dat Eenzegt, dat sech gefreet hat, zousätzlech en Äisvugel a vill aner Waasservigel ze gesin. Et war och nach eng Kéier intressant eisem Guide, dem Antoine séngen Erklärungen nozelauschteren. Dësen Tour war fir mech eng wonnerbar Ergänzung zum leschte Joer. Merci Monique, dass Du dësen Tour nach eng Kéier organiséiert hues.

07. 11. 2023
Marie-Louise Mangers: Vëlosrées Gent
Villmols Merci Monique fir déi super schéin Vëlosrées duerg Gent an Ömgéigend. Ech hun eng ganz nei Vue op Belge kritt wat ech bis elo just vun der belscher Plage an hei bei eis iwwert Grenz kannt hun. Ganz vill Geschicht a ganz vill schéin Wée‘er zu an öm Gent. Dobei nach vill Trëppeltier vum Hotel aus an den Zentrum an zrëck laanscht Wasser mat schéiner Beliechtung a gudde Gespréicher. Et wor och schéin erem nei léiw Leit kennenzeléieren an och al Bekannte eremzegesin. Vill schéin Andreck an Erliewnisser. Merci Monique fir déi gutt Organisatioun an dass Du et emmer erem färdeg brengs eis esou schéin nei Wée’er ze weisen. Äddi a bis geschwenn, Marie-Louise
16. 09. 2023
Bernadette a Charel: Bussang

E wonnerbaren Tour no Bussang bei Muselquell,an an den Théatre du peuple , en Erliewnes. Merci Monique fir all dé Erklärungen an dé perfekt Organisatioun.

11. 09. 2023
 
Powered by Phoca Guestbook

Post Message

Captcha Image

By submitting this form you accept our privacy policy compliant to the GDPR regulation art. 13-14 2016/679 as reported at this link


Newsletter