Mir wäerten leider keng Vëlosreesen a nächster Zäit kënnen ubidden. Mir annuléieren alles ouni Frais'en fir Iech eis Client'en esou lang déi ganz Situatioun sech nët verbessert. Mir halen eis do un Decisiounen vun der Regierung an och un d'Reesbestëmmugen vun Europa.

Mir wäerten probéieren déi mecht Sachen no hannen ze verlëen. Do wéinst wäert sech och eisen ganzen Programm vum Joar 2020 änneren.
Mir lossen Reesen am Moment all am Agenda stoën, einfach well ët schéin as sech virzestellen ët kéinnt een op esou eng flott Vëlosrees fueren.

Mir halen Iech en courant. Am Moment as Vëlosophie complet zou, mir sinn am chômage technique. Mir sinn och nët méi am bureau am Gronn. Dir kënnt eis per Email Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein! erreechen.

Mir vermessen ganz vill dass mir am Moment nët kënnen ennerwee sinn fir nei flott Touren fir Iech ze preparéieren. Mee mir frëen eis elo schons op déi Touren ewou mir 2020 mat Iech nach kënnen ennerwee sinn. Et geet näischt méi schéinen ewéi Freiheet um Vëlo ennerwee ze sinn an nei Landschaften a Leit kennenzeléieren.

Monique a Liette