Germain : Ciclovia Alpe - Adria 2025
En Tour ewéi keen aneren. Gemittlech duerch de graassgréngen Dall tëschent mächtege Bierger, hellewech laanscht turquoisefaarweg Flëss, da mam Bus iwwert de Bierg an dono kilometerwäit biergof duerch eng Onmass vun Tunnellen bis a Bella Italia. An da woar se do: d’Adria. Azzurro a glaasskloer huet se an der Sonn geglitzert. Villmools Merciii eisem sportleche Guide fir di vill schéin, onvergiesslech Momenter.08. 10. 2025
Steinbach Gil: Alpe-Adria 2025
Dës Rees war gutt geplangt an organiséiert. Leedung super, Leit disziplinéiert. Etappelängt iwerschaubar mat genuch Pausen. De choix vun den Hotelen war net ëmmer glécklech (Raststätte un Autobunn resp. Hotel un verkéierraicher strooss in the middle of nowhere). Beim retour mam Bus vu Grado aus (Ziel vun der Rees) hätt ech léiwer nach e Moien um Mier verbruecht als ewéi en Nomëtteg zu Salzburg. Alles an allem awer gelongenen Trip. A recommander!08. 10. 2025
Jean-Marie Braconnier: Weser-Radweg 2025
Weser-Radweg 2025: Mam Liette eng perfekt virbereete "Cheftaine", interessant Informatiounen ënnerwee, gemittlecht Vëlofueren derch eng schéi Landschaft an historesch Stied,, wonnerbar Hoteller, gutt a gemittlech Owendiessen, léif an hëllefsbereet Leit an der Grupp. Nëmmen ze recommandéieren!30. 07. 2025
Christiane Lamborelle: Paris à vélo
Villmols Merci fier di flott Rees op Paräis. Et war immens flott, Paräis vun ënger bessen manner hektischer Säit kennenzeleiren. Duerch di verschidden Tier sinn ech ganz vill gewuer ginn an et huet einfach just Spaß gemaach. Alles huet tiptop geklappt:-))10. 05. 2025
Muriel: Eurovelo 6
Vu Mulhouse op Dôle laanscht de Canal du Rhône au Rhin an den Doubs mat 3 flotten Iwwernuechtungsetappen an gudd geféiert vum Monique. Als éischt oder kuerz Velosvakanz ze recommandéiren.20. 08. 2024
Powered by Phoca Guestbook
